"Déi Lampecher Fliichteschësser" sinn 1984 gegrënnt ginn. D'Ziel wor Jonk an Aal aus dem Duerf zesummen ze bréngen an d'Duerfliewen ze erhalen an ze förderen. De Veräin huet all Joer en prall gefëllte Manifestatiounskalenner.
D'Häerzstéck vun engem normalen "Fliichteschësser Joer" ass d'Lampecher Kiermes (ëmmer de Weekend nom 15ten August), bei där e groussen Deel vun de Lampecher Awunner, awer och e puer Awunner aus deenen aneren Dierfer vun der Gemeng hëllefen. Hei gëtt ausser dem traditionelle Kiermesbal an dem Kiermesiessen, een ofwiesslungsräiche Programm ugebueden: Spillwiss fir d'Kanner, "Stréikicker"-Turnéier, Open-Air Kino oder Concert etc. um Virowend an nach vill méi.
Aner traditionell Rendez-vous'en vun den "Lampecher Fliichteschësser" sinn d'Buergbrennen an de Maconsowend, bei deem ee Wäiner aus der Ëmgéigend vu Macon matt engem gudde Kéis- oder Fleeschplateau schmaache kann.
Vun Zäit zu Zäit huelen d'Fliichteschësser sech besonnesch vill vir: dat beschtbekannte Maislabyrinth gouf bis elo scho 4 mol , zulescht 2010 op engem 7 ha grousse Feld, ugeluecht. Während 2 Méint konnten sech eng grouss Unzuel vu Leit un dëser eemoleger Attraktioun erfreeën.
De Fliichteschësser hiert Veräinshaus "A Millesch" gëtt och gebraucht fir hire Memberen eng Abberzuel un Fräizäitaktivitéiten, wei Danz-, Zumba-, a Kachcouren.
D'Membere vun de Fliichteschësser hunn zudeem nach d'Méiglechkeet d'Veräinshaus fir privat Feieren ze lounen.
Ganz stolz ass de Veräin och op hier ganz aktiv an dynamesch Jugend, déi net nëmme bei den traditionellen Aktivitéite kräfteg zur Hand geet,mee selwer och hier eegen Evenementer, wéi de Kannerfuesbal, organiséiert.